Ministère präziséiertProffen hunn dat lescht Schouljoer 8.109 Iwwerstonne pro Woch geleescht

RTL Lëtzebuerg
D'Chifferen, déi de Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro iwwert d'Iwwerstonne vun de Proffe erausginn hat, hu sech op d'Wochestonne bezunn.
© AFP (Archiv)

An der Äntwert op d'parlamentaresch Fro hat den Educatiounsminister Claude Meisch ageraumt, datt d'Proffen am Schouljoer 2018/2019 ronn 8.109,59 Iwwerstonne gemaach hätten.

Hei hat awer d'Prezisioun gefeelt, datt dës pro Woch de Fall wieren. Dëst huet de Ministère op Nofro vun RTL präziséiert. Méi wéi d'Hallschent, 2.722 vu 4.750, vun de Proffe hunn an deem Joer Iwwerstonne gemaach:
Deemno ass déi regulär Tâche vum Professer op 22 Leçone pro Woch fixéiert. Et goufen am Schouljoer 2018-2019 insgesamt 8.109,59 Iwwerstonne pro Woch geleescht. En Enseignant huet am Duerchschnëtt 1,7 Iwwerstonne pro Woch gehalen.

Hei d'Schreiwes vun der Féduse/Enseignement-CGFP

“Kreativen” Ëmgang vum MENJE mat der Zuel vun den Iwwerstonnen

Léif Memberen,

An engem Lieserbréif am WORT1 hat ee vun eise Comitésmemberen op déi riseg Unzuel un Iwwerstonnen higewisen, déi am Enseignement secondaire Joer fir Joer geleescht musse ginn, an huet gläichzäiteg déi extrem schlecht Bezuelung vun dëser gréisstendeels onfräiwëlleger Méiaarbecht kritiséiert.

Schonn zanter laangem weist de Comité vun der Féduse/Enseignement-CGFP drop hin, dass et sech heibäi net nëmmen ëm punktuell oder technesch bedéngten Iwwerstonnen handelt, mee gréisstendeels ëm permanent a strukturell Surtâchen, déi musse gemaach ginn, fir de System um Lafen ze halen. Haaptursaach fir dës chronesch Surtâchen ass déi deels massiv Penurie un Enseignanten a ville Fächer, déi mir och schonn heefeg thematiséiert
hunn.

Op eng parlamentaresch Fro2 zu dësem Sujet huet den Educatiounsminister Claude Meisch geäntwert, dass wärend dem Schouljoer 2018/2019 insgesamt 8.109,59 Iwwerstonne geleescht goufen.

De Comité vun der Féduse/Enseignement-CGFP wëll drop opmierksam maachen, dass dës Unzuel net deenen iwwert dat gesamt Schouljoer 2018/2019 geleeschten Iwwerstonnen entsprécht, mee deenen prestéierten Iwwerstonnen pro Woch! Et sief och drun erënnert, dass et sech dobäi jeeweils ëm Schoulstonnen (« Leçons ») handelt, déi souwuel Virbereedung wéi och Nobereedung (z.B. Verbessere vu Prüfungen) zousätzlech verlaangen.

Déi wierklech Zuel u Schoulstonnen, déi wärend dem Schouljoer 2018/2019 als Iwwerstonne geleescht goufen, ergëtt sech also duerch d’Multiplikatioun mat de Schoulwochen, a läit bei knapp 300.000 (!).

An dësem Kontext huet de Comité vun der Féduse/Enseignement zwou kloer Fuerderungen un den Educatiounsminister:

• Fir déi horrend Unzuel un Iwwerstonnen ze reduzéieren, muss de Beruff vum Professer erëm vill méi attraktiv gemaach ginn. Ënner anerem muss dofir gesuergt ginn, dass virun allem – mee net nëmme – Studente vu MINT-Fächer sech erëm méi fir dëse Beruff intresséieren.

• Déi geleeschten Iwwerstonne musse fair bezuelt ginn an net méi mat mindestens 30 % manner am Verglach zu enger Schoulstonn an der regulärer Tâche.

Mat beschte Gréiss,

De Comité vun der Féduse/Enseignement-CGFP

Schouljoer 2018/2019: Proffen hunn am Ganzen 8.109 Iwwerstonne geleescht

Back to Top
CIM LOGO