Opwäertung vum HandwierkProffesyndikat stellt sech géint Fuerderunge vun AMELUX an SEW

RTL Lëtzebuerg
De Proffesyndikat APESS huet wéineg Versteesdemech fir aner gewerkschaftlech Fuerderungen a punkto Handwierk.
Symbolfoto.
Symbolfoto.
© RTL-Archiv

AMELUX an SEW wëllen de Gesell op Premières- an de Meeschter op Bachelor-Niveau hiewen. Do wier ee kategoresch dogéint, seet d’APESS. De Bachelor wier eng dräi Joer laang Vollzäit-Formatioun op enger Uni oder Fachhéichschoul an hätt eng Première als Viraussetzung.

De Meeschterbréif wier dogéint eng dräi Joer laang Ausbildung an Owescoursen no engem DAP. Et wier eng éischt praxisorientéiert Formatioun an déi dräi Niveaue beim Diplôme d’aptitude professionnelle wiere gewollt.

Mat der Fuerderung vun der AMELUX an dem SEW géing d’Première der APESS no devaloriséiert ginn, wat de Schoulsystem “ad absurdum” féiere géif.

Änlech gesäit dat d’AMET, d’Gewerkschaft vun de “Maître d’Enseignement”. Si sinn och net der Meenung, datt den DAP mat enger Première soll gläichgestallt ginn. Fir verschidde Beruffer gëtt et den Technikerdiplom DT, dee mat enger Première ofgeschloss gëtt an mat deem een dono studéiere ka goen. D’Meeschterkaart wier donieft en Diplom, deen tëscht Bac a Bachelor ugesidelt ass a bei der Fonction publique valoriséiert géif ginn.

PDF: Communiqué vun der APESS

Back to Top
CIM LOGO