
Héichrechnungen, en Historique, d’Profiller vun den eenzele Kandidaten an natierlech d’Resultater um Walowend fannt Dir e Sonndeg an déi Deeg dono um RTL-Walsite, dat op Lëtzebuergesch op RTL.lu, op Franséisch op RTL Infos an op Englesch op RTL Today.
Dir hutt och d’Méiglechkeet, d’Resultater no Gemengen, respektiv déi eenzel Resultater vun de Kandidate genau nozesichen.
Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen
D’Stëmmen, d’Prozenter an d’Sëtzverdeelungen zeréckgekuckt bis 1999 an domadder och d’Evolutioun vun de leschte fënnef Chamberwale fannt Dir um Walsite vun RTL. Donieft natierlech och all déi aktuell Noriichte ronderëm d’Nationalwalen.
Um RTL-Walsite fannt Dir fir all Kandidat, dee bei de Chamberwalen untrëtt, en eegent Profil. Nieft de perséinlechen Informatioune vun den eenzele Persounen, wéi Alter, Wunnuert oder Beruff, fënnt een och, wéi dacks dës Persoun scho bei den Nationalwalen ugetruede ass, wéi dacks se direkt an d’Chamber gewielt gouf an hire perséinleche Score vun de leschte Walen.
Nei ass da fir d’Chamberwalen, datt een de Profil vun all Kandidat direkt op Facebook kann deelen oder e Link ka generéieren, fir dësen esou mat anere Leit kënnen ze deelen.
Nei dëst Joer ass dann och, datt Dir op RTL.lu Héichrechnungen aus de véier Bezierker esou wéi aus dem ganze Land wäert fannen.
Esou bal déi éischt Resultater aus verschiddene Gemengen an aus de véier Walbezieker do sinn, gitt Dir se direkt op RTL.lu oder besser gesot op eisem RTL-Walsite gewuer.
Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’ChamberwalenWéi Dir gesitt, gitt Dir ronderëm d’Walen gutt a séier op RTL.lu informéiert. An natierlech fannt Dir all déi wichteg News aus Lëtzebuerg, aus der Welt an aus dem Sport och um Walsonndeg op Lëtzebuergesch op RTL.lu, op Englesch op RTL Today an op Franséisch op RTL Infos.