
Dat huet d’Zentralbank e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes matgedeelt. Den Taux variable fir Immobiliëprête fir Stéit ass vun 2,58 Prozent am Dezember op 3,51 Prozent am Januar an d’Luucht gaangen. De Volume u Kreditter ass sengersäits zeréckgaangen: vun 284 Milliounen Euro op 217 Milliounen, also eng Baisse vu 67 Milliounen.