
„De Projet vum neie Sëtz vun ArcelorMittal um Kierchbierg ass nach um Lafen“, heescht et op RTL-Nofro hi beim Stolkonzern. „Verschidde Punkte ginn allerdéngs iwwerschafft.“ De Grond dofir sinn déi aktuell sanitär Konditiounen an déi nei Aarbechtsforme wéi den Teletravail.
D‘Terrassementsaarbechte sinn zejoert ofgeschloss ginn, präziséiert ArcelorMittal.
Grond vun der RTL-Nofro ware Rumeuren, datt de Staat eventuell wéilt ganz oder zum Deel aus dem Projet vum neien ArcelorMittal-Siège erausklammen. Enn dëst Joer sollt u sech den neie Sëtz aus Stol a Glas u sech fäerdeg sinn. Dat war den Zäitplang, deen am Dezember 2017 bei der offizieller Presentatioun vum Projet festgehale gouf.
Den Asaz vu Stol, deen an der Haaptsaach aus de Wierker vun Déifferdeng a Belval soll kommen, géif weisen, dass een nohalteg mat Stol ka bauen. Dat gouf bei der Presentatioun erkläert.
Dat neit Gebai vun iwwer 7.000 Metercarré Fläch sollt Plaz fir 800 Mataarbechter vum Stolkonzern bidden. En Deel vun de Raimlechkeete kéint fir aner Zwecker geleased ginn. E Restaurant, Sportsinfrastrukturen an en Auditoire mat 200 Plaze waren am neie Gebai virgesinn. De franséischen Architektebüro Wilmotte et associés hat den Zouschlag kritt. Wat um Enn vum ambitiéise Projet nach iwwreg bleift a wéi den neien Zäitplang vum Bau ausgesäit, war e Méindeg net gewuer ze ginn.