Elo géife si an deem Land, wou si schaffen, aus der Sécurité sociale erausgeheit ginn, wa si méi ewéi ¼ vun hirer Aarbechtszäit am Ausland leeschten. Eng Situatioun, déi fir de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond net ze toleréieren ass, esou de Paul Glouchitski de Freideg de Moien a senger Ried.
Vun den iwwer 7.000 Camionschauffere komme ronn 66 Prozent aus den 3 Nopeschlänner. Bei de Buschauffer sinn et ronn 23 Prozent.
