Grossist an der Corona-KrisProvencale huet ëmmer manner Clienten

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg schaffen eng ronn 20 000 Persounen am Horesca-Secteur, Bistroen a Restaurant'en haaptsächlech.
Grossist an der Corona-Kris
Zu Lëtzebuerg schaffen eng ronn 20 000 Persounen am Horesca-Secteur, Bistroen a Restaurant'en haaptsächlech.

Zanter méi wéi enger Woch si bal 2.800 Betriber zou. Kee Revenu heescht Personal am Chômage technique, kee Revenu heescht och, dass een näischt méi keeft an et schwéier gëtt, Rechnungen ze bezuelen.

Ee vun de Fournisseuren, deen dat als éischt ze spiere krit, ass d'Provencale, déi jo di meescht Gastronomiebetriber beliwwert.

Mir kruten en Abléck an d'Hale vum Lager, wou ee lo op de Wuere sëtze bléift a kruten och erkläert, firwat verschidde Liewensmëttel lo méi deier gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO