Parlamentaresch FroProzeduren am Fall, wou de Stroum ofgepëtzt gëtt

RTL Lëtzebuerg
Dräi Prezisioune wollt d'Deputéiert vun déi Lénk, d'Myriam Cecchetti an enger parlamentarescher Fro un den Energieminister Claude Turmes kréien.

Stroum ofpëtzen / Reportage Dany Rasqué

Wéi kënne Stroum-Cliente gehollef kréien, fir ze verhënneren, datt se vum Reseau ofgepëtzt ginn, wa se hir Rechnung net kënne bezuelen? Dierfen d’Fournisseure boer Sue vum Client refuséieren a wéi ginn d’Fraise fir d’De-Connexioun an d’Re-Connexioun fixéiert?

Ausléiser fir dës Froe war e konkrete Fall, dee bei de Fournisseuren op Nofro beim Ministère hin net konnt retracéiert ginn. An der Äntwert ginn et awer eng Rei Informatiounen iwwert d’Prozedur, déi am Gesetz virgesinn ass.

An der Äntwert heescht et, d’Fournisseure géifen all Endclient, egal op Betriber oder Stéit, e Rappell schécken, wann d’Echeance vun hirer Rechnung ofgelaf ass. 14 Deeg drop kéim en zweeten an deem drop verwise gëtt, datt de Stroum ofgespaart gëtt, wa bannent engem Mount net bezuelt wier.

Stéit ginn zousätzlech driwwer informéiert wéi een Office social fir si zoustänneg ass a wou se sech kënne mellen, am Fall wou se Hëllef brauchen.

Et géifen allerdéngs och Fournisseure ginn, déi nach en drëtten oder véierte Rappell géife schécken an direkte Kontakt mam Client géifen ophuelen. De Ministère präziséiert, datt et Fournisseure gëtt, déi keng boer Sue vum Client méi akzeptéieren, wéinst interne Reegelen a fir Bedruch ze verhënneren. Wann de Client awer géif drop bestoen, kéint en dat dann awer an enger Agence vum Fournisseur maachen, fir eng Deconnexioun ze verhënneren.

Sollt dann awer mussen ofgepëtzt ginn, kommen zousätzlech Käschten op de Client duer, fir d’De-Connexioun an d’Re-Connexioun. Dat sinn Tariffer, déi vum ILR, dem Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut gutt geheescht goufen an déi reell Käschte vun deem System géifen erëmspigelen.

Wann alles op Distanz ka gemaach ginn, dat ass bei deene meeschte sougenannten intelligente Compteuren de Fall, sinn 81 Euro fälleg, wann ee sech muss op d’Plaz deplacéieren, kascht dat 269 Euro.

Back to Top
CIM LOGO