
Um Stater Geriicht konnt de Prozess en Donneschdeg wéinst versichtem Mord, bei deem den Haaptzeien den Dag virdrun an d'Gette gaange war, net weidergefouert ginn.
De Mann, fir deen e Mëttwoch eng Ambulanz hat misse kommen, ass zwar en Donneschdeg aus dem Spidol erauskomm, hie krut awer e Krankeschäi vun 3 Deeg, soudass eng direkt Suite vum Prozess onméiglech war.
Fir d'Presidentin vum Geriicht bleiwen dem Mann seng Aussoe vum Dag virdrun och ze klären. De Prozess gouf dowéinst bis den 23. September ausgesat.
„Wat schued ass fir mäi Mandant, well dee weider an Untersuchungshaft bleift, obwuel e seet, hien hätt net gepickt", huet säin Affekot en Donneschdeg an enger 1. Reaktioun erkläert. An där Affär geet et jo drëms, dass e Mann am Juli 2018 an der Géigend vun engem Café, no bei der Escher Gare, e Messer an de Réck gestach krut.
De Me Fränk Wies huet vun engem Gewëssensfall geschwat: „...well den Zeien huet gëschter, kuerz ier en de Schwächeanfall hat, eng Ausso gemaach, déi bis dohin ni am Dossier dra war. Well et geet am Dossier drëm, dass gesot gëtt: déi Persoun, déi de Messerstéch ginn huet, déi war torse nu an et ass ëmmer nëmme vun enger Persoun do Rieds gaangen. An do huet den Zeien awer gëschter kuerz viru Schluss da gesot: Jo, neen, et waren der zwou do!"
Genee wéi d'Riichter fënnt den Affekot vum Ugekloten, dass et wichteg ass, fir déi Fro ze klären. Et géif ee wuel de Risiko agoen:
„...dass mer am September en Zeien hunn, dee seet: Ech ka mech net méi drun erënneren! Mä, op där anerer Säit, falls de Client wéilt an Appell goen, falls e verurteelt gëtt: am Appell gi keng Zeie méi gelauschtert! An aus deem Grond musse mer einfach den Zeien nach eng Kéier komme loossen, quitt, dass de Prozess dann eben elo ëm 7 Woche verlängert gëtt!"
Dem Me Fränk Wies no dierft ee sech déi Chance awer net huelen:
„...v.a. ebe wou den Zeien Aussoe gemaach huet, déi awer nach méi Zweiwelen - et si scho genuch Zweiwelen - un der Schold vu mengem Client dann ebe bréngen!"
D'Suite vun dësem Prozess ass wéi gesot an zwee Méint.
RTL-NEWS: Presuméierte Messerpickert vun Esch identifizéiert a festgeholl