
E Méindeg am fréien Nomëtte fänkt um Geriicht zu Dikrech de „Prozess vun de SREL-Autoen“ un. Ugeklot ass e fréiere Geheimdéngschtmann. D'Haaptfaiten, déi him reprochéiert ginn, ginn op den Zäitraum vun 2007 bis 2009 zréck.
Et gëtt dem fréiere SREL-Agent an der Haaptsaach virgehäit, ronn 140.000 € ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem Geheimdéngscht gehéiert haten.
De System hat dora bestanen, dass Privatleit bal fonkelnei Autoe verkaf kruten, déi vun Agenten ënner anerem fir Iwwerwaachunge benotzt goufen. D'Gefierer goufen no engem hallwe Joer ofgestouss, a wa kee Keefer do war, konnten och d'SREL-Leit der kafen, wat ënner anerem de Beschëllegte gemaach hat.
Zu de Reprochë gehéiert eben, dass hien intervenéiert wär, fir zu privaten Zwecker un déi 4 Gefierer fir sech selwer, seng Ex-Fra a seng Schwëster ze kommen. Hien hätt vu spezielle Konditioune profitéiert, déi dem Geheimdéngscht accordéiert goufen, an deemno perséinlech an ëffentlech Intressie vermëscht. Donieft hätt hien eng Fälschung begaangen, fir d'Regularitéit vu sengen Handlungen ze justifizéieren. Ënnert dem Stréch riskéiert de Mann bis zu 10 Joer Prisong.
Am Mee 2013 hat de Staatsministère e Communiqué erausginn, an deem stoung, dass de Premier Jean-Claude Juncker ewell am Mee 2010 den Uerder ginn hätt, fir mat deem System opzehalen. Am Juli vun deem Joer wär en neien a Kraaft getrueden. Zanterhier kéint d'SREL-Personal keng Gefierer méi kafen, déi de Geheimdéngscht ofstéisst.
Séngerzäit war dovu Rieds, dass géint e SREL-Agent eng Disziplinarprozedur lancéiert gouf. D'Enquête hätt am Oktober 2010 ugefaangen a wär am Dezember 2011 ofgeschloss ginn, wéi de Staatsminister de „Commissaire du gouvernement chargé de l'instruction disciplinaire“ saiséiert hat. Do dertëscht war den Agent an d'Immigratioun versat ginn. Am Februar 2014 hat de Premier Xavier Bettel erkläert, d'Autosgeschäfter wären iwwert de saarlännesche Verfassungsschutz ofgewéckelt ginn. Wéi d'däitsch Autoritéiten dës Praxis 2009 gestoppt hätten, wäre keng Autoe méi doriwwer kaf ginn.
Am Januar 2016 gouf sech um Verwaltungsgeriicht indirekt mat der Autosaffär befaasst. An der Tëschenzäit war fir den Ugekloten eng Strofprozedur dobäi komm, nodeems de Jean-Claude Juncker beim Parquet Plainte gemaach hat. De Me Jean-Marie Bauler, Affekot vum Agent um Verwaltungsgeriicht, hat deemools betount, dem Mann seng Disziplinarenquête léig zanter 2013 op Äis a säi Client wär an der Enquête net vum Parquet inculpéiert ginn. Vun dësem Méindeg u kënnt et dann elo zum „Prozess vun de SREL-Autoen“, fir dee 6 Sëtzunge virgesi sinn, bis e Freiden 8 Deeg mat.