Police sicht Mann mat "opfälleg décke Lëpsen"Puer Persounen an der Stad mat Täschemesser menacéiert an iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police elo mellt, koum et an der Nuecht vum 24. op de 25. September zu engem Iwwerfall an der Uewerstad.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

E Mann huet do e puer Persoune mat engem Täschemesser menacéiert a si beklaut. Wéi d’Police schreift, soll de presuméierten Täter opfälleg déck Lëpsen hunn.

Eventuell Zeien, souwéi weider Affer, solle sech bei der Stater Police um Nummer (+352) 244 40 1000 mellen oder per E-Mail u Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

No Déifstall gestallt

Weider mellt d’Police nach e Virfall e Méindeg géint 17.50 Auer, bei där eng Persoun hir Jacketten an de Portmonni an der Avenue de la Gare an der Stad geklaut krut. Béid Täter si geflücht, allerdéngs konnt ee Verdächtegen am Kader vun enger Sichaktioun lokaliséiert a gestallt ginn. Hie koum mat op de Büro an et gouf protokolléiert.

No Abroch an Auto zu Keel gestallt

Da gouf et e Méindeg géint 14 Auer nach en Abroch an e Gefier zu Keel an der Rue Neuve. Déi dräi Täter goufen heibäi vum Autosbesëtzer iwwerrascht. Si si geflücht, konnten awer kuerz drop am Kader vun enger Sichaktioun vun enger Patrull gestallt ginn. Och si goufe mat op de Policebüro geholl, duerchsicht an hir Personalie festgehalen. Ee vun de presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO