MasterplangQuartier Rout Lëns gëtt konkret

RTL Lëtzebuerg
2025 sollen op de fréieren Arbed-Frichen éischt Gebaier a Wunnenge fäerdeg sinn.
Quartier Rout Lëns gëtt konkret
2025 sollen op de fréieren Arbed-Frichen éischt Gebaier a Wunnenge fäerdeg sinn.

CO2-neutral an nohalteg soll den 11 Hektar grousse Quartier gi fir all Alter an all Liewenssituatioun. Fir d'Ausschaffe vum Projet goufen d'Bierger mat agebonnen. Deene loung um Häerz, datt de Patrimoine industriel erhale bleift. E Samschdeg gouf de Masterplang vun der Rouder Lëns virgestallt.
Iwwer 4 Joerzéngte laang leien déi al Arbed-Friche brooch. An noer Zukunft awer wäerten hei Leit wunnen, liewen a schaffen. Mat als Häerzstéck de 4 ale Stolindustrie-Gebaier, déi duerch eng Allee, eng Zone mixte, matenaner verbonne ginn.

Ronderëm wäerte Gebaier vun 3 Stäck entsoen, vereenzelter gi 7 Stäck héich. Geplangt sinn och zwee méi héich Wunntierm, déi d'Skyline vun der Rouder Lëns charakteriséiere wäerten. 1.500 Wunnenge fir 3.500 Awunner sollen op Dauer am Quartier entstoen. Fir der Logementskris Rechnung ze droen, soll de Projet séier ëmgesat ginn a Wunnenge ubidde fir déi verschiddenst Liewenssituatiounen a Besoinen.

3 Hektar Gréngzone wäerte sech iwwer d'Rout Lëns erstrecken. Gréng Daachterrasse si virgesinn.

Den Auto ass just Invité. 2 Parkingen op den Extremitéite vum Quartier si virgesinn. D'Rout Lëns ass virop op Foussgänger, Vëloen an den ëffentlechen Transport ausgeriicht. Aktuell sinn d'Ofrapp- a Sanéierungsaarbechten am Gaang. 2022 wäert déi 1. vun 3 Bauphasen ufänken.

De spezifesche Bebauungsplang vun der Rouder Lëns soll elo am Dezember agereecht ginn. Am Januar ass eng Ausstellung geplangt, wou de Public sech d'Maquette vum neie Quartier grad esou wéi d'Pläng ukucke kann.

D'Geschicht, den industrielle Patrimoine, iwwerdeems soll Deel vum Liewen op der Rouder Lëns ginn. An der imposanter Turbinnenhal solle kulturell Evenementer stattfannen. Bei de Portiquë wäert e Busarrêt kommen, grad esou wéi eng Stellplaz fir Vëloen. Déi al Gebléishal iwwerdeems gëtt an eng Sportshal mat Klotermauer konvertéiert.

Back to Top
CIM LOGO