
Vill Fraen a Meedercher kënnen och am Joer 2022 nach net fräi iwwert hire Kierper an hir Familljeplanung decidéieren, dat ergëtt den neie Rapport vum Populatiounsfong vun de Vereenten Natiounen. Et wier een an enger Kris.
121 Milliounen: Sou vill Frae ginn all Joer ongeplangt schwanger, dat ass de Bilan vum Rapport. D‘Hallschent vun alleguer de Schwangerschafte weltwäit war also net virgesinn. Eng ongeplangte Schwangerschaft huet dacks ekonomesch sozial Konsequenzen, déi d‘Mammen nach laang ploen. Ma och wann net all ongeplangte Schwangerschaft eng ongewollt gëtt, kënnt et a 60% vun de Fäll eng Ofdreiwung an déi gëtt laang net nëmme medezinesch korrekt duerchgefouert.
Den Yves Sassenrath ass Representant vum Populatiounsfong an de Moment am Mali aktiv an huet de Rapport presentéiert. Um Terrain brauch ee viabel an zouverlässeg Léisungen, well och wa beim Kannermaachen, d‘Männer grad esou mat responsabel sinn, bleift d‘Contraceptioun dacks un de Fraen hänken. Gläichzäiteg ass dat fir si e Stéck heemlech Autonomie. Den Yves Sassenrath erkläert, besonnesch beléift, wieren Hormonsprëtzen, déi d‘Frae sech selwer sëtze kéinten. Déi Contraceptioun wier net ze gesinn, awer effikass.
Fir de Representant vum Populatiounsfong ass awer kloer, mat Contraceptioun eleng ass et net gedoen. Et muss e gesellschaftleche Changement geschéien, an deem d‘Fraen engersäits méi Educatioun kréien an d‘Männer a Fraen als gläichberechtegt Partner ugesi ginn.
Lëtzebuerg bedeelegt sech an dem Kontext un enger Rëtsch Projeten, zum Beispill am Burkina Faso, mat 5 Milliounen Euro.
De Representant vun der Fnuap Yves Sassenrath mécht awer drop opmierksam. Och wann d‘Kris vun den ongeplangte Schwangerschaften am globale Süde besonnesch prägnant wier, dierft een awer net vergiessen, dass de Problem och an der westlecher Welt besteet an duerch de Lockdown verstäerkt gouf.