Am Joer 2021Recetten um Publicitéitsmaart sinn ëm 6,2% eropgaangen

RTL Lëtzebuerg
Och 2021 waren d'Publicitéitsaktivitéiten duerch d'Pandemie impaktéiert, och wann d'Recetten an deem Marché fir de Grand-Duché ëm 6,2% eropgaange sinn.

Alles an allem huet de Maart vun de Publicitéiten, sief dat ënnert anerem am Kino, an Zeitungen, op der Tëlee, um Internet, op Flyeren an um Radio, Recettë vun iwwer 131 Milliounen Euro zejoert generéiert - wat e Plus vu bal 8 Millioune par Rapport zu 2020 ass.

Am Ausland huet de Publicitéitsmaart méi ugezunn, mat Haussen zum Beispill vu 15% an der Belsch, 7% an Däitschland oder och 13% a Frankräich. Dës Chifferen ginn aus dem Ad-Rapport ervir, deen e Méindeg public gemaach gouf.

Déi meescht Sue fir Publicitéite sinn an Zeitungsannoncen investéiert ginn, virum Internet an dem Radio. Déi heefegst Publicitéite goufen iwwerdeem fir de Service-Beräich geschalt, viru Kultur, Sport a Fraizäit.

An den Top 5 vun den Instanzen a Betriber, déi an d’Pub investéieren, fanne mer virop de Lëtzebuerger Staat, de Cactus, de Grupp Post, Aldi an d’Spuerkeess.

Back to Top
CIM LOGO