Oppene Bréif vu 5 AssociatiounenRechter vu Kanner musse méi an national Politik agebonne ginn

RTL Lëtzebuerg
An engem oppene Bréif maachen e puer Associatiounen den Opruff un de Formateur Luc Frieden, d'Rechter vun de Kanner méi an déi national Politik anzebannen.

Konkret geet et fir de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, der Mënscherechtskommissioun, dem Ombudsmann fir Kanner a Jonker, esou wéi och Passerell an Unicef dorëms, Refugié-Kanner mat hire Familljen zesummen ze bréngen.

D’Acteure kritiséieren, dass Kanner d’Demandë fir de Regroupement familial refuséiert kréien, well schonn e Member vun hirer Famill zu Lëtzebuerg ass. Ass et fir iech acceptabel, dass d’Elteren dëse Kanner virenthale ginn?, froen de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, d’Mënscherechtskommissioun, den Ombudsmann fir Kanner a Jonker, esou wéi och Passerell an Unicef de Luc Frieden am oppene Bréif.

Déi administrativ Decisioune wieren an de leschte Méint vun de Riichter gekippt ginn, well se géint déi fundamental Rechter vun de Kanner verstoussen. Eppes, wat d’Acteure begréissen. Ma d’Regierung misst fir eng mënschlech Flüchtlingspolitik awer och den néidege Kader setzen.

Link: Den oppene Bréif vun den Associatiounen un de Formateur Luc Frieden.

Back to Top
CIM LOGO