ArcelorMittalRéckgang vum Benefice d'lescht Joer, optimistesche Bléck op 2023

RTL Lëtzebuerg
ArcelorMittal huet d’lescht Joer ronn 13 Milliarden Euro Benefice gemaach, esou de Stolkonzern.
© AFP

Dat si ronn 5 Milliarden Euro manner, ewéi d’Joer virdrun. Besonnesch am 4. Trimester war de Réckgank vum Benefice spierbar.

Den Direkter vun ArcelorMittal Aditya Mittal schreift am Communiqué: “trotz den Erausfuerderunge vum leschte Joer, weisen d’Resultater vum Joer d’Beneficer vun eisem verstäerktem Portfolio a rezent Verbesserunge bei de Käschten”.

Fir dëst Joer ass hien optimistesch. Bei ArcelorMittal geet een trotz de geopoliteschen Onsécherheeten dovunner aus, datt d’Demande fir Stol nees wäert unzéien, respektiv, datt den Héichpunkt vun der schwaacher Demande elo iwwerstane wier.

Back to Top
CIM LOGO