
Dat mellt op alle Fall d’Online-Plattform Reporter.lu um Dënschdeg de Moien.
Op Nofro hi wollt den Etienne Schneider eis deen Datum awer net confirméieren. Hien wéilt eréischt am Januar eng Decisioun treffen, wéini hien d’Regierung wéilt verloossen.
Wéi Reporter weider schreift, géif hien e Mandat als Administrateur bei ArcelorMittal uviséieren, am Fréijoer d’nächst Joer.