VerwaltungsgeriichtRecours vu Gerant vu Café géint Amende vun 1.250 Euro war net justifizéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Verwaltungsgeriicht huet an 1. Instanz an am Kader vun den anti-Covid-Mesuren eng Decisioun vun der Gesondheetsministesch vum 4. September confirméiert.

D'Paulette Lenert hat dunn eng Amende administrative vun 1.250 € géint de Gerant vun engem Café an der Stad gesprach, dat well Clienten hir Mask net un haten, respektiv beim Drénken oder Iessen net souzen. Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours deemno als net justifizéiert ugesinn; hie muss dowéinst och fir d'Fraisen opkommen.

Am Juli hate Poliziste vum Kommissariat Lëtzebuerg-Gare am fréien Owend an deem Café an der Stad zwee Cliente gesinn, déi beim Comptoir stoungen, fir eppes ze drénken. Knapp zwou Wochen dono hat d'Police bei enger weiderer Kontroll vun deem Café festgestallt, dass op d'mannst 5 Leit op der Terrass a bannena stoungen; e puer Gäscht hätten och zu anere gesot, si sollte sech sëtzen, well Poliziste laanschtfuere géifen. D'Patronne hat deemools gesot, d'Police hätt keng Fotoen, déi dat beweise géifen; de Procès-verbal hat si dann och net ënnerschriwwen, well si net d’accord war mat de Constate vun de Beamten. Am August hat d'Gesondheetsministesch en Arrêté geholl, an deem stoung, dass d'Fra eng Amende administrative vun 1.250 € bezuele misst. E puer Deeg drop hat d'Gerante e Recours gracieux agereecht; d'Paulette Lenert hat déi Strof awer Ufank September confirméiert, mam Zousaz, de Gerant misst blechen. Der Fra hire Mann war du virun 9 Deeg op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass sech den Arrêté ministériel vum 4. September op e Procès-verbal baséiert, deen et gëtt, am Géigesaz zu deem, wat de Gerant sot. Den 1. PV wär vun der Fra ënnerschriwwe ginn, den zweeten dogéint net, en zweete Procès-verbal, op deem dësen Arrêté fousst. Eng Ënnerschrëft wär net néideg, fir dem PV e legale Wäert ze ginn; den Dag drop wär och eng Kopie un eng Serveuse iwwerreecht ginn, soudass et „malvenu“ wär, dass de Gerant bestreide géif, dee Procès-verbal kritt ze hunn. An och d'Argument, dass eng Konfusioun am 1. Arrêté bestanen hätt, wär doduerch widderluecht, dass deen duerch den zweeten Arrêté annuléiert an ersat gouf, wouduerch de Gerant d'Geldstrof krut. De Recours vum Mann wär dowéinst als net fondéiert zréckzeweisen.

An zwou aneren Affären am Zesummenhank mat den anti-Covid-Mesurë si Leit dogéint besser ewechkomm.

Sou ass fir de Gerant vun engem anere Stater Café, deem senge Clienten zweemol dat nämmlecht virgehäit gouf - nämlech keng Mask ugehat a Gedrénks am Stoe consomméiert ze hunn -, d'Amende administrative vun 8.000 op 6.000 € erofgesat ginn, ë.a. well déi 1. Kéier nëmmen zwee Clienten um Comptoir waren.

Fir e Mann dann, deem den Direkter vun der Santé viru knapp zwou Wochen eng Isolatioun, doheem, vu 14 Deeg ordonéiert hat, gouf deen Isolement op 10 Deeg reduzéiert, vü dass haut virun enger Woch dat entspriechend neit Covid-Gesetz a Kraaft getrueden ass.

Back to Top
CIM LOGO