Verwaltungsgeriicht KompensatiounsfongRecours vu Greenpace recevabel, net justifizéiert, Staat muss Fraise bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Greenpeace schwätzt an engem Schreiwes vun engem Deelsuccès.

"De President vum Tribunal administratif gesäit de Recours als recevabel, mä um Fong als net justifizéiert un. De Staat muss awer fir d'Fraisen opkommen.": Sou steet et am Urteel en Dënschdeg vum Verwaltungsgeriicht zu enger Klo vu Greenpeace géint de Romain Schneider. Den Tribunal administratif war vun der Ëmweltorganisatioun saiséiert ginn, nodeems de Minister vun der Sécurité sociale refuséiert hat, hir Informatiounen am Zesummenhank mat Investissementer vum Kompensatiounsfong ze ginn.

Den 1. August hat Greenpeace en entspriechende Bréif erausgeschéckt, op deen de Romain Schneider net geäntwert hat. Am September war d'Ëmweltorganisatioun op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Greenpeace vs Schneider/Reportage Eric Ewald

A sengem Urteel hält de President vum Tribunal administratif fest, dass Greenpeace d'"capacité d'agir en justice" huet, och géint d'Refus-Decisioun vum Minister, fir Informatiounen zum Kompensatiounsfong erauszeginn; d'Irrecevabilitéit, op déi de Vertrieder vum Staat plädéiert hat, wär deemno zréckzeweisen.

D'Informatiounen, déi d'Ëmweltorganisatioun gefrot hat, géifen zu deene gehéieren, déi ëffentlech Autoritéite jidderengem zur Verfügung stelle missten, deen dono freet. Si wären och gehalen, fir op eng Nofro z'äntweren. An deem Kontext wär d'Attitüd vum Minister, fir Greenpeace net z'äntweren, illegal, wat u sech zur Annulatioun vum Refus an zum Bezuele vun enger Indemnité de procédure féiere misst. De Riichter schreift awer, dass hien en Urteel vun der Cour administrative vun Oktober 2009 a Betruecht zéie géif. Déi hat du refuséiert, fir sou eng Sanktioun ze spriechen, mä d'Partei, déi gewonnen hat, dozou verurteelt, zum Deel oder ganz fir d'Fraisen opzekommen.

Dem President vum Tribunal administratif no hätt de Minister vun der Sécurité sociale an dësem Kontext just eng passiv Roll, och wann d'Ëmweltorganisatioun fënnt, de Romain Schneider misst déi gefroten Informatiounen hunn, hätt dee sech net an d'Gestioun vum Kompensatiounsfong anzemëschen, net op d'Investitiounsstrategie a virun allem net op de Respekt vu Klimaschutzobjektiver opzepassen.

D'Fro nom eventuellen net-Respekt, duerch de Staat, vun Obligatiounen, déi op den Accord vu Paräis zréckginn, wär net Deel vun dësem Sträit. Donieft hätt de Minister Romain Schneider déi néideg Informatiounen einfach net, soudass säi Refus, Greenpeace géintiwwer, justifizéiert wär. Well de Minister d'legal Obligatioun hat fir z'äntweren, dat awer net gemaach huet, misst de Staat allerdéngs fir d'Fraisen opkommen.

PDF Uerteel vum Verwaltungsgeriicht

Back to Top
CIM LOGO