
Den Delai vun där Prozedur gëtt elo wéinst den Areeslimitatiounen an der Coronapandemie op den 31. Dezember d'nächst Joer verlängert, dat schreift d'Justizministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro vum Marc Georgen vun der Piratepartei. De Problem ass, et muss een op Lëtzebuerg kommen, fir seng Recouvrementsdeklaratioun am Kader vum Nationalitéitegesetz eranzereechen. Dat war awer fir eng Partie Persoune wéinst de Covid-Reesverbueter net méiglech.
