Bei AfenhëtztReegelméisseg Kontrollen, fir d'Wuel vum Déier ze assuréieren

RTL Lëtzebuerg
D'Afenhëtzt ass wuel elo eriwwer an awer kënnen nach waarm Deeg am August op eis duerkommen.
© AFP

Wann et zu sou Dréchente kënnt, da sinn och ëmmer natierlech d'Leit alertéiert, wann et ëm d'Wuel vun den Déiere geet.

An der Moyenne kritt d'Veterinärsverwaltung, am Fall vun enger Canicule, den Dag bis zu enger hallwer Dose Plainten, sief et vu private Leit oder Déiereschutz-Organisatiounen. Bei de Kontrollen duerno gëtt da gepréift, ob d'Déiere genuch a proppert Waasser hunn.

Aus enger Äntwert vun de Ministeren Etienne Schneider a Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Hetto-Gaasch geet ervir, datt reegelméisseg Kontrollen d'ganzt Joer iwwer op de Bauerebetriber sinn, wou et ëm d'Wuel vun den Déiere geet. Gepréift gëtt, ob d'Déieren ënnert anerem e garantéierten Accès zu Waasser hunn.

Fir d'Déieren, déi op enger Weed stinn, wärend Periode vun Afenhëtzt ze protegéieren, kënnen d'Baueren och provisoresch Ënnerstänn opriichten, ouni datt duerfir muss eng Autorisatioun ugefrot ginn.

Nodeems d'dréchent Wieder dann awer ophéiert, mussen dës Konstruktiounen ofgebaut ginn.

Fir all permanent Ëmstänn muss eng Erlaabnis beim Ëmweltminister gefrot ginn, sou wéi et och am Naturschutzgesetz festgehalen ass.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg an Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Françoise Hetto-Gaasch

Back to Top
CIM LOGO