
Ënner anerem ginn d’Referenzen op d’Joer 2024 fale gelooss. Et kéint een an der aktueller Situatioun net sou wäit no vir an d’Zukunft plangen, dat sot de President vun der Kommissioun an DP-Deputéierte Gilles Baum RTL géintiwwer.
Dofir gëtt sech elo reng op den Datum vum 1. Abrëll 2023 baséiert.
Sollt bis dohinner zousätzlech zu där vum Juli eng weider Indextranche erfalen, zum Beispill am Hierscht, da gesinn d’Regierung an d’Sozialpartner sech fir de Point ze maachen.
D’Géigner vum Tripartites-Accord gesi sech confirméiert. D’Regierung géing marche arrière maachen, schreiwen déi Lénk an engem Communiqué. Den OGBL notéiert mat Satisfaktioun, datt d’Manipulatioun vum Index op eng Tranche limitéiert wier.
Déi Lénk an den OGBL bleiwen iwwerdeems bei hire Revendicatiounen.