Kannermëssbrauch am NetzRegierung begréisst EU-Gesetzesprojet, fuerdert awer Nobesserung

RTL Lëtzebuerg
De Gesetzesprojet vun der EU-Kommissioun gesäit eng besser Kooperatioun mat Internetprovider vir, fir Mannerjäreger am Internet méi schützen ze kënnen.
© Fotolia / RTL Archiv

D‘Lëtzebuerger Regierung begréisst prinzipiell, datt d‘EU-Kommissioun an der Lutte géint sexuelle Mëssbrauch géintiwwer Mannerjäregen am Internet d‘Zesummenaarbecht mat den Internetprovideren verbessere wëll, fuerdert awer, datt Bréissel nobessert, heescht et vun der Justizministesch Sam Tanson an dem Medieminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Zanter der Publikatioun Mëtt Mee falen d’Reaktioune gemëscht aus. Kritiker warne viru Masseniwwerwaachung a schwätze vun “Chatkontroll”. Sou och de Sven Clement vun de Piraten an de Laurent Mosar vun der CSV, déi eng Motioun deposéiert hunn an där d’Regierung opgefuerdert gëtt, zu Bréissel géint d’Propos vun der Kommissioun anzetrieden.

D’Pläng vun der Kommissioun gesinn ënnert anerem vir, datt Entreprisë wéi Facebook a Google gesetzlech dozou verflicht ginn, hir Servicer mat enger spezieller Software no verdächtege Contenuen ze duerchsichen. Dem Sam Tanson no sollt een eng virsiichteg Approche huelen am Respekt vun der Privatsphär. Grondprinzippien wéi de Schutz vun der Privatsphär misste respektéiert ginn. Grad wéi Verhältnisméissegkeet. Et wier net verhältnisméisseg wann jiddereen systematesch iwwerwaacht kéint ginn.

D’Justizministesch huet op der Chamberstribün awer och bedauert, datt d’Diskussioun den Ament guer net méi ëm de Fong géif goen an datt guer net méi iwwert déi positiv Aspekter geschwat géif ginn. D’Ministesch ass iwwerzeegt, datt den Text um Enn an Anere wäert sinn wéi deen, dee Mëtt Mee deposéiert gouf.

RTL News: EU-Kommissioun wëll méi effikass géint Kannermëssbrauch am Netz virgoen

Back to Top
CIM LOGO