D'Regierung gesäit keng Necessitéit fir e Recht op Teleaarbecht, dat am Code de Travail verankert wär. Esou e Recht géif den Accord tëscht de Patronen an de Syndikater op d'Kopp geheien. Eng entspriechend Konventioun iwwer den Teletravail kéint geschwënn ënnerschriwwe ginn. Dat huet den Aarbechtsminister Dan Kersch e Méindeg de Moien an der Chamber betount.
Do gouf iwwer d'Petitioun debattéiert, déi eben e Recht fir de Salarié fuerdert, vun doheem aus schaffen ze kënnen. Ronn 5.800 Bierger haten ënnerschriwwen. D'Haaptfuerderung vun de Petitionäre fënnt elo wuel keen Néierschlag am Gesetz.
Den Homeoffice soll weder eng Obligatioun nach e Recht sinn, mä ëmmer en Accord tëscht Patron a Salarié, esou d'Approche vun der Regierung. Bei engem méi generellen Thema misst awer legiferéiert ginn, dem Droit à la Déconnexion. Am éischten Trimester 2021 soll de Wirtschafts- a Sozialrot en Avis doriwwer ofginn, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch. An de Petitionär Serge Remy kann op d'mannst frou sinn, datt kee Politiker d'Avantagë vum Teletravail a Fro stellt.
Nom Debat huet d'Presidentin vun der Kommissioun fir d'Petitiounen Nancy Kemp-Arendt annoncéiert, dass d'Aarbechtskommissioun sech nach weider mat der Teleaarbecht beschäftege wäert.