
De Patronatsverband UEL hat d'Effikassitéit vum CPTE a Fro gestallt, dem Comité permanent du travail et de l'emploi. An deem Gremium sëtze Regierung, Patronat an d'Gewerkschaften un engem Dësch, fir Léisungen ze fannen. De CPTE ass gesetzlech festgehalen, d'Regierung géif net drun denken d'Gesetzer net anzehalen, sou den Dan Kersch. Nach zweemol mussen dëst Joer d'Patronat an d'Gewerkschafte fir dee Comité geruff ginn.
Am CPTE soll ëmmer en Accord fonnt ginn tëscht de Sozialpartner. Klappt dat net, iwwerhëlt d'Regierung hir Verantwortung, seet den Aarbechtsminister. Et géif och net verhënneren iwwer nei Methoden nozedenken a wann néideg bilateral ze diskutéieren.
All d'Chamberfraktioune géifen och zum Sozialmodell Lëtzebuerg an den 3er-Gespréicher stoen, sou nach den Aarbechtsminister Dan Kersch.