Dossier GlyphosatRegierung huet eng Etüd an Ausiicht gestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Etüd, déi vum LIST soll duerchgefouert ginn, wäert eng 37.000 Euro kaschten.

Am Dossier Glyphosat hat d’Regierung eng Etüd an Aussiicht gestallt. Den Institut LIST soll dës realiséieren a se soll Mëtt Juli virleien. Dat äntweren d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring an den Agrarminister Claude Haagen der CSV-Deputéiert Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro.

D’Etüd kascht knapp 37.000 Euro. Dës soll sech spezifesch mam Lëtzebuerger Kontext befaassen.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO