Pierre GramegnaRegierung zefridde mat budgetärer Situatioun vum Staat

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna déi finanziell Situatioun vum Staat datéiert op den 30. September 2019 presentéiert.
© AFP (Archiv)

D'Regierung ass zefridde mat der budgetärer Situatioun dëst Joer - am September 2019 wieren d'Rezetten ëm 9,2 Prozent geklomme par Rapport zum Joer virdrun, d'Depense wiere just ëm 3,7 Prozent geklommen. Dat schreift de Finanzministère an engem Schreiwes e Freideg den Owend. Den Iwwerschoss beim Zentralstaat léich deemno bei 736 Milliounen Euro. Dës Entwécklung wier besser, wéi am Budget virgesinn, esou de Finanzminister. Dat wier engersäits zréckzeféieren op méi héich Recetten duerch d'Kierperschaftssteier an duerch d'TVA, an anerersäits op eng Stagnatioun bei den Depense wéinst den Douzièmes provisoires, also souzesoen dem Iwwergangsbudget no de Chamberwalen, déi éischt véier Méint vum Joer.

De Finanzministère sträicht iwwerdeems ervir, datt de Verkaf vum Diesel duerch d'Hausse vun den Accisen am Mee dëst Joer erofgaange ass. Tëscht Mee a September goufen 0,31 Prozent manner Diesel verkaf wéi an der selwechter Zäit 2018.

PDF: Budgetär Situatioun vum Staat

Back to Top
CIM LOGO