SyvicolRegional Museksschoulen dierfe weiderhin d'Division moyenne spécialisée ubidden

Monica Camposeo
Donieft war och d’Reform vun der Tutelle administrative en Thema op der éischter Reunioun an dësem Joer vum Gemengesyndikat.

Doleance vun de regionale Museksschoulen/vum Monica Camposeo

Et war d’Demande vu verschidde gréissere Museksschoulen, fir d’Division moyenne spécialisée, also ee méi héije Niveau vum Solfège, weiderhi kënnen unzebidden. Vun de Museksschoule krut de Syvicol awer nach eng Umierkung, esou de President vum Gemengesyndikat Emile Eicher:

“Si kritiséieren allerdéngs elo, dass et just de Ministère ass, deen decidéiert, wou herno d’Exame gemaach ginn an a wat fir enger Form. Dat war an der Vergaangenheet ëmmer beim Commissaire, dee nach matgeschwat huet a virun allem en Arrangement tëscht den Direktere vun de Museksschoulen.”

D’Delaie missten dann och nach iwwerschafft ginn, fir de Gemenge méi Zäit ze ginn, d’Aschreiwungen an d’Ofrechnungen ze maachen, esou nach de President vum Syvicol.

Am Kader vun der Reform vun der Tutelle administrative soll déi elektronesch Kommunikatioun promouvéiert ginn. All Reunioun, déi net am übleche Sall organiséiert gëtt, muss obligatoresch dem Ministère gemellt ginn. Eng Reegel, déi an der Pandemie u sech méi flexibel gi war:

“Wou mer awer och d’Erfarung gemaach hunn an der Vergaangenheet, dass dat kee Problem war. Mir hu souwisou bei den Invitatiounen ëmmer drop stoen, wou d’Reunioune sinn. Dat ass vläicht bëssen iwwerflächlech gekuckt ginn. Mee dat, wat wichteg ass, ass, dass eng Plattform geschafe gëtt tëscht dem Ministère de l’Intérieur an de Gemengen, wou mer eis Dossiere kënnen hin an hier schécken.”

Do wier et elo awer nach d’Iwwerleeung, dass och aner Acteuren an aner Ministèren op der nämmlechter Plattform kéinte schaffen, dat géing fir d’Gemengen a fir d’Bierger sécher sou munches méi einfach maachen. Dës Ännerung begréisst de Syvicol deemno.

Iwwer d’Äntwert vun der Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro zu der Allocation de vie chère huet sech de Syvicol an der Sëtzung guer net zefridde gewisen. Et wier inakzeptabel an eng “Feelinformatioun”, dass just 11 Gemengen eng Allocation de vie chère ausbezuelen. De Syvicol fuerdert eng Richtegstellung, ëmmerhi géing d’Sozialhëllef fir méi schwaach Stéit dacks ganz einfach anescht heeschen, esou den Emile Eicher.

“Vill Buergermeeschter hu mir gesot, ech sollt onbedéngt d’Madamm Ministesch do awer informéieren, dass si déi Informatioun soll korrekt zeréck ginn. Well déi meescht Gemenge sech schlussendlech awer ganz vill investéieren an de soziale Beräich an och an deem, wat fréier d’Gromperegeld genannt gouf.”

De Syvicol hätt selwer net d’Moyene fir detailléiert ze recherchéieren, wéi ee Budget vun den Offices sociales ausbezuelt gëtt, respektiv wat fir d’Ënnerstëtzung vu méi aarme Stéit gemaach gëtt. Et wier elo um Inneministère, dat nozesichen a richtegzestellen, esou nach de Syvicol.

Back to Top
CIM LOGO