
Am Ganze sollen dat vergaangent Joer insgesamt 1.264 nei Anlagen am Land gebaut gi sinn, wat eng Hausse vun 48% duerstellt. D’Gesamtleeschtung vun alle Photovoltaike läit domadder zanter dem 31. Dezember 2021 bei 277 Megawatt. Dëst bréngt allerdéngs keng all ze grouss Verännerunge bei den erneierbaren Energien am Allgemenge mat sech: Mat 979 GWh am Joer 2020 op 993 GWh am Joer 2021, gouf et nëmmen eng liicht Gesamt-Hausse. Dëst géing sech virun allem doduerch erklären, dass d’Wand-Konditiounen d’lescht Joer manner favorabel waren a vill Wandrieder ausser Betrib geholl goufen, fir duerch Neier ersat ze ginn.
Generell gouf och 4,6% méi Stroum a 7,6% méi Gas consomméiert, dëst ënner anerem wéinst der COVID-19-Pandemie a wéinst manner héijen Duerchschnëttstemperaturen.
D’Unzuel vu Leit, déi hiren Energie-Fournisseur gewiesselt hunn, ass stabel bliwwen, sou de Rapport.