
Et war ee waarmen an naasse Wanter. Mat enger Anomalie vu +2.6 °C, war et den drëttwäermste Wanter, zënter datt opgezeechent gëtt, wat vun 1838 u gemaach gëtt.
Da goufen et Rekorder beim Néierschlag, zum Beispill zu Käerch wou e Rekordvolume notéiert gouf.
32 Wiederstatiounen huet d'ASTA ausgewäert.
De ville Reen bréngt zwar mat sech, datt genuch Waasserreserven am Buedem si fir d'Landwirtschaft. Dat villt Waasser huet d'Biedem awer och opgeweecht, wouduerch d'Aarbechten op de Felder schwiereg kéinte ginn, sou heescht et nach an engem Schreiwes.