
Hunn 2008 nach 3/4 vun de Leit gesot, si géinge gleewen a reliéise Praktiken nogoen, sou ass et 2021 just nach knapp d’Hallschent vun der Populatioun.
D’Importenz vun der Relioun ass an der selwechter Period vun 42% op 21% erofgaangen. D’Part vun de Persounen, déi net reliéis sinn, ass parallel staark erop gaangen.
Allerdéngs gëtt dës Sécularisatioun begleet duerch alternativ spirituell Bestriewungen. 40% vun de Leit gleewen un eng Iwwermuecht.