
Mee dës Krittären sinn am Gaang, ausgeschafft ze ginn. Wat d'Berechne vun den Transportkäschte vu privaten Ambulanzen ugeet, huet d'Gesondheetskeess keng Handhab - dat soen d'Ministere fir d'Gesondheet an d'sozial Sécherheet - den LSAP-Duo Schneider/Schneider.
Ministeren, déi sech op d'Statute vun der CNS beruffen, wou fixéiert ass, datt de Patient 70% vum Betrag erëm kritt, dee facturéiert gëtt - et gëllt e minimale Forfait vun 38 Euro pro kuerzem Deplacement, wat 1 Een 25 Cents de Kilometer ausmécht.
Wéi d'Ministere Schneider a Schneider an enger Äntwert zesummen op direkt 3 parlamentaresch Froen vum ADR-Nord-Deputéierten Jeff Engelen betounen, hätt eng Hausse vum Remboursement keng Inzidenz op d'Käschte vum Patient - wann awer de legale Kader mat de Qualitéits-Normen bis gestëmmt wier, kéinten dës Präisser adaptéiert ginn.
D'Ministere soen et also kloer an däitlech: D'CNS wier am Gaangen, d'Dispositiounen iwwert de Krankentransport z'analyséieren a se dann och unzepassen.
Wat d'Krankentransporter an d'Ausland uginn, sou iwwerhëlt d'Krankeversécherung just de kierzte Wee an d'medezinesch Behandlung, respektiv d'Spidol baussent de Grenzen vum Grand-Duché.
Dee kierzte Wee heescht net onbedéngt dee séiersten - wéi d'Ministere betounen, baséiert sech d'CNS op Donnéeën, déi se vun der Kadaster-Verwaltung zur Dispositioun gestallt kritt.
D'CNS wier awer amgaangen, hir informatesch Applikatiounen z'iwwerschaffen.
Do virdrun muss awer den Dokter, deen de Patient soignéiert, eng Autorisatioun bei der CNS ufroen, d'CNS hëlt d'Decisioun dann op Basis vun engem Avis motivé vum Kontrolldokter.
Wann eng Urgence fir en Transport an d'Ausland virläit, muss keng Autorisatioun am Virfeld ugefrot ginn.
Den ADR-Deputéierte kritt iwwerdeem keng direkt Äntwert drop, ob bei Auslands-Ambulanz-Transporter och de Peage iwwerholl soll ginn. Mee wéi gesot: wa bis d'Normen fir sou Transporter definéiert sinn, ginn och déi aner Dispositiounen ugepasst.
Iwwerdeem waarden jo nach ëmmer eng 660 Ambulanz-Rechnungen, déi vum CGDIS ausgestallt goufen, drop, fir vun de Krankekeese bezuelt ze ginn. Wann de Staatsbudget bis gestëmmt ass an domat och zwou Ajouten am CGDIS-Gesetz sinn, sollen dës Facturen nom 1. Januar 2020 bezuelt kënnen ginn.