D’Zil ass et hiren naturnoen Zoustand erëm hierzestellen. Dass dat awer an enger éischter Etapp op d’Käschte vun der Natur geschitt, bleift net aus, soen d’Experten. Ëmmer nees ginn eng Rei Beem Affer vu Renaturéierungen. Biller, déi schockéieren, wéi elo viru kuerzem zu Miersch, wou 80 Joer al Beem ëmgehae goufen, oder laanscht d’Wäiss Iernz, wou op Kilometeren doudeg Bamgruppe stinn.

Um Enn kréich d’Natur awer méi zeréck, wéi een hir ewech geholl hätt.
Eis Waasserleef aus hire Bëtonsbetter huelen, dat Riicht erëm kromm a méi breet maachen – dat ass d’Zil. Lues a lues géing een dann de Biotope Liewensraum schafen, d’Héichwaasser doduerch bekämpfen an hëllefen, d’Klima ze reguléieren.
Zu Lëtzebuerg géingen d’Administratioune vum Staat mat Gemengen a Privatleit zesummeschaffen, integral Konzepter entwéckelen an net just punktuell renaturéieren, mee och déi Zone prioritär an de Fokus huelen, wou séier soll renaturéiert ginn.
Am Intressi vun der Biodiversitéit wier dat – et géife Liewensraim geschaf, natierlech Habitater, déi der Vegetatioun Plaz ginn. Renaturéierungen – net eleng wichteg am Héichwaasserschutz, mee och an Drécheperioden. Argumenter dogéint ginn et u sech keng – ënnert der Konditioun, dass sech op eng gewëssenhaft Planung baséiert gëtt. Wann een awer déi sëllege Beispiller gesäit, wou, wéi elo zu Miersch oder viru Méint zu Steesel a Walfer, ouni Récksiicht wäertvoll Beem verschwannen, dierf ee Froe stellen, op déi een och Äntwerte kritt. Op d’Explikatiounen aus dem Ëmweltministère wat laanscht d’Mamer am Mierscher Park geschitt ass, waarde mer elo scho bal ze laang.
