Ëmweltministère confirméiert: Et goufe méi Beem ofgeholzt wéi noutwendeg

© Mobile Reporter
Am Kader vun der Renaturéierung vun der Mamer sinn am Mierscher Park rezent eng Rei Beem ewechgeholl ginn.
Dat gesäit een och op Fotoen, déi RTL geschéckt krut. Op Nofro confirméiert de Ministère, dass dës Beem am Kader vun der Renaturéierung ofgeholzt goufen. Ausserdeem hätt ee bei den Aarbechten och direkt e puer net indigène Beem* gehaen. Esou zum Beispill Hybridpëppelen.
*Dat si Beem, déi et am Prinzip zu Lëtzebuerg net heemesch sinn.
Héichwaasserschutz a Mamer méi ökologesch gestalten
D'Renaturatioun soll virun allem zum Héichwaasserschutz bäidroen an d'Mamer méi ökologesch gestalten. D'Beem, déi ofgeholzt goufen, géifen net direkt kompenséiert ginn. Schrëftlech heescht et vum Ëmweltministère:
"Och wann net aktiv kompenséiert gëtt, kënnt am Prinzip no enger Renaturéierung eng natierlech Ufer-Vegetatioun op, déi positiv fir d’Biodiversitéit ass."

© RTL Grafik
Beem aus Sécherheetsgrënn ewechgeholl
Op de Pläng gesäit een de spéidere Verlaf vun der Mamer an d'Plazen, wou soll geschafft ginn. D'Beem hätten aus Sécherheetsgrënn misse Plaz maachen. De Ministère erkläert dat esou:
"D’Beem goufen ofgeholzt, well se de spéidere Verlaf vum Projet beim Terrassement stéieren, respektiv net méi un de Standuert ugepasst sinn an dofir ofstierwen an ëmfale géifen."

Onglécklecherweis wieren hei méi Beem ofgeholzt ginn, wéi noutwendeg war, esou den Ëmweltministère. D'Acteure vum Projet géifen dësen Ëmstand bedaueren. Den Ëmweltministère an déi betraffe Verwaltunge géifen elo analyséieren, wéi et dozou konnt kommen.
Wat geschitt mam Holz?
Ënnert anerem Pëppele géifen direkt bei der Renaturéierung genotzt ginn, fir zum Beispill de Laf vum Waasser ze lenken. D'Ellere goufen zum Deel geschnidden a verplanzt. En Deel vum Holz géif vun der Gemeng Miersch energeetesch verwäert ginn, d'Gemeng ass Proprietär vun den Terrainen.
