D'Schoul huet rëm ugefaang an zwar fir di Kleng aus der Spillschoul an déi vum Kolléisch- wat am franséische System d'Schüler tëscht 11 a 15 Joer sinn.
Den eigentleche Lycée - déi vu 16 Joer un an déi aus der Grondschoul - hunn en Donneschdeg Rentrée.
Am Lycée Vauban, deen 2017 an de Ban de Gasperich geplënnert ass, sinn am Ganzen 2.500 Schüler tëscht 3 an 18 Joer an 300 Enseignanten. Si hunn eng gutt Reussite beim Bac, 99 % kommen duerch an et si ganz vill verschidden Nationalitéiten do.