
D’Residenzklausel soll komplett ewechfalen. Dës war op 5 Joer fixéiert. Deemno sollen auslännesch Leit sech kënnen op de Wallëschte fir d’Gemengewalen aschreiwen, sou bal wéi se sech hei am Land installéieren.
Bei de leschte Gemengewalen 2017 ware wéinst der Residenzklausel een Drëttel vun den auslännesche Matbierger (ëmmerhin eng 76.000 Leit) net fir d’Walen zougelooss. Dësen demokratesche Manktem soll lo verschwannen.
D’entspriechend Reform vum Walgesetz geschitt duerch e Gesetzprojet, dat e Méindeg de Moien eng éischte Kéier an der Chamberkommissioun vun den Institutiounen diskutéiert gouf.
Och den Delai, fir sech op de Wielerlëschten anzeschreiwen, soll vu 87 op 55 Deeg virum Datum vun de lokale Walen erofgesat ginn. Déi selwecht Aschreif-Period gëllt och fir d’EU-Walen.
Dës Ännerungen applizéiere sech warscheinlech schonn op d’Walen d’nächst Joer - virdru muss de Gesetzesprojet natierlech an der Chamber gestëmmt ginn.
An deem Text gëtt och festgeluecht, datt d’ALIA - d’Autoritéit vum audiovisuelle Secteur - d’Walcampagne an de Medien organiséiert an zum Beispill d’Participatioun vun de verschiddene Parteien an Table-ronden iwwerwaacht. Soss war dëst d’Charge vum staatlechen Informatiouns- a Presse-Service, dem SIP.