Fraestreik den 8. MäerzRevendicatiounen hu sech net geännert, ma d'Problemer hu sech verschlëmmert

Claudia Kollwelter
Donieft fënnt de JIF, datt et en "Hon a Skandal" ass, datt de Fraestreik soll tëscht dem Glacis an der Place de l'Europa limitéiert ginn.

E Méindeg hat JIF an op enger Pressekonferenz hir Revendicatioune presentéiert, déi am Fong net weider par Rapport zu zejoert geännert hunn. D’Problemer hätte sech awer zum Deel verschlëmmert.

Fraestreik zu Lëtzebuerg / Reportage Claudia Kollwelter

Obschonn sech duerch d’Pandemie villes hätt sollen änneren, an ee fill Lektiounen aus der Kris hätt sollen zéien, hätt sech fundamental net vill geännert, bedauert d’Michelle Cloos vum OGBL Equality. D’Revendicatioune géifen dowéinst weider op eng Verbesserung vun der Stellung vun der Fra zielen:

Sief et wat d’Loungerechtegkeet ugeet, awer och d’Zäitopdeelung, d’Aarbechtszäitverkierzung, fir datt jiddereen och méi Zäit privat huet, fir déi Aufgaben, déi net bezuelt ginn, opzedeelen.

Ma och de Logement ass en Dauer-Sujet, betount d’Maxime Miltgen vun de femmes socialistes. D’Logementskris hätt virun allem en Impakt op Fraen, déi Affer vu Gewalt am Stot sinn, awer och Monoparentauxen, people of colour a Persounen aus der “LGTBIQ+"-Communautéit. Dofir huet d’JIF eng Partie kloer Fuerderungen:

En temporäre Blockage, bis de Marché sech erëm berouegt huet, fir eng zweet, drëtt oder véiert Immobilie aus Investitiounsgrënn ze kafen. E System, deen um Wunnengsmaart eng candidature neutre aféiert: e Proprietär dierf nëmmen anonymiséiert Kandidature fir seng Immobilie kréien an net ob Grond vu Geschlecht, Sexualitéit, Hautfaarf oder soss eppes Leit aussiche kann an domat Leit diskriminéiere kann.

Och eng staatlech Direkthëllef am Kader vun Urgencë wier néideg. En anere wichtege Punkt wier dee vun der Gewalt géint Fraen ënnersträicht d’Yasmine Chlouti vun der Plattform JIF:

Mir fuerderen dofir e System an deem de Mord u Fraen definéiert a klassifizéiert ginn. Dat géif et erlaben, d’Risikofacteuren ze identifizéieren an ze eliminéieren, déi et am Zesummenhang mat Morden u Frae ginn. Do si mer also an der Preventioun. An an där nämmlechter Logik hätte mer gär, datt d’Unzuel u Fraen, déi wéinst hirem Geschlecht ëmbruecht goufen, quantifizéiert ginn.

An deem Kontext fuerdert d’JIF och, datt de Feminizid duerch de Lëtzebuerger Code penale unerkannt gëtt.

“Et ass en Hon an e Skandal”

Mat deene Wierder reagéiert d’Plattform JIF op d’Äntwert, déi si vun der Stad Lëtzebuerg krute fir de Fraestreik den 8. Mäerz. Et géif ee refuséieren, fir d’Feelverhale vun enger klenger Minoritéit bestrooft ze ginn. Rieds geet vun den zënter Méint unhalenden Demoen an der Stad.

Et géif een einfach mat den Anti-Vaccin-Maniffe gläich gestallt ginn an un den Tracé tëscht dem Glacis an der Place de l’Europe limitéiert ginn an dat ouni Grond, bedauert d’Plattform. “Mir refuséieren, wéinst dem Feelverhale vun enger klenger Minoritéit elo bestrooft ze ginn”, huet d’Michelle Cloos vum OGBL op der Presentatioun vum Streik e Méindeg de Moie betount. Hei géing et ëm eng politesch Grondsazdiskussioun an demokratesch Rechter goen, an do hätt eng Regierung sech “net hannert enger Gemeng ze verstoppen”.

Et géif fir si kloer keng Alternativ ginn zu engem legale Fraestreik an engem Cortège tëscht der Gare an der Place d’Armes, wéi et och déi lescht 2 Joer de Fall war. Et hätt een och eng schrëftlech Äntwert op d’Demande vun der Maniff gefrot, an hofft, datt et nach zu engem Revirement vun der Stater Buergermeeschtesch kënnt.

Polfer reagéiert: Korridor fir Fraestreik ass nach net decidéiert

Et wier nach iwwerhaapt net decidéiert, wat den Demonstratiounskorridor fir de Fraestreik den 8. Mäerz wäert sinn. Bei der Stater Gemeng wier eng Marche vun der Gare bis an d’Uewerstad mat enger 2.000 Leit ugemellt ginn.

Extrait Lydie Polfer (2)

Dat seet d’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad d’Lydie Polfer a reagéiert domat op d’Kritik vun der Plattform JIF, datt d’Demonstrante vum Fraestreik missten am selwechten “Korridor” bléiwen, wéi d’Manifestante géint d’Covid-Mesuren. Also tëscht dem Glacis an der Philharmonie.

Extrait Lydie Polfer (1)

Bei sou enger Decisioun wier een nach guer net. Elo hätt een d’Organisateure gefrot, fir sech zesumme mat der Police ze gesinn. Schliisslech wier et jo d’Police, déi de Wee vun der Manifestatioun géif festleeën an eng Risikoofschätzung géif maachen.

Back to Top
CIM LOGO