Et ass e Secteur, dee weider soll ausgebaut ginn. Dofir soll elo zu Esch ee Gesondheetscampus entstoen, wou herno bis zu 5.000 Persoune kënne schaffen. Fir sech e Bild ze maachen, wéi sou een Ekosystem ka fonctionéieren, ass eng Lëtzebuerger Delegatioun den Ament a Bayern an ass sech de Projet vun enger Medical Valley ukucke gaangen, eng Kooperatioun gouf geschloss.
Den Traitement besser un de Patient upassen an duerch Preventioun Krankheete verhënneren. Dofir brauch et Fuerschung an eng enk Kooperatioun tëscht privaten an ëffentleche Partner. 2003 gouf dofir zu Erlangen de Projet vun enger Medical Valley gebuer, esou de Jörg Trinkwalter vun der Medical Valley.
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet en Donneschdeg eng Kooperatioun mat der Medical Valley ënnerschriwwen. D’Zil wier eng Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Gesondheetscampus ze erméiglechen. Et wier e Startpunkt, fir e gemeinsamen europäeschen digitale Gesondheetsmarché ze erschléissen.
Ee vun de grousse Player an deem Secteur ass Siemens Healthineers. A 70 Länner si se aktiv, och zu Lëtzebuerg. Weltwäit schaffen eng 66.000 Persoune fir d’Entreprise. An der Medical Valley zu Forchheim an Erlangen gëtt et eng grouss Produktiounslinn vu medezinesche Geräter, et gëtt gefuerscht an d’Verwaltung huet hire Siège do. Siemens Healthineers ka sech virstellen, d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ze erweideren, dat sot hire CEO Bernd Montag am RTL-Interview.
Gedriwwen duerch d’Fuerschung soll änlech wéi a Bayern och zu Lëtzebuerg den Ekosystem vun der Gesondheet entstoen.