AFP melltRezent goufen zu Lëtzebuerg 5 kolumbianesch Staatsbierger festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Si sollen an enger Klinik am franséischen Nanzeg medezinescht Material am Wäert vu ronn enger Millioun € geklaut hunn.

Dat mellt d’Agence AFP a berifft sech op de Parquet vun Nanzeg.

D’Material hätt solle vum belschen Arel erfort an déi kolumbianesch Haaptstad Bogota geschéckt ginn.

An Zesummenaarbecht mat de belschen a Lëtzebuerger Autoritéite wiere 5 Verdächteger - 4 Männer an eng Fra - am Grand-Duché lokaliséiert ginn.

Si goufen de 24. November an engem Hotel zu Léiweng vun der Lëtzebuerger Police festgeholl an un déi franséisch Autoritéiten ausgeliwwert.

Back to Top
CIM LOGO