RTL-Presseclub vum 12. NovemberRezessioun a Spuercours vum CSV-DP-Koalitiounsprogramm

RTL Lëtzebuerg
Wéi mer dës Woch gemellt haten, kënnt Lëtzebuerg jo dëst Joer net laanscht eng Rezessioun.
Presseclub vum 12. November
Invitéiert waren d’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, den David Marques vum Quotidien an de Laurent Schmit vu reporter.lu.

Keng gutt Nouvelle fir d’ëffentlech Finanzen, déi souwisou schonn ouni Rezessioun net am Equiliber waren a sinn. Wat bedeit dat fir den CSV-DP-Koalitiounsprogramm, deen dem Formateur Luc Frieden no schonn d’nächst Woch kéint an dréchenen Dicher sinn? Gëtt et e Spuercours oder ginn d’Prioritéite just nei definéiert? Muss de Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialmodell net souwisou scho laang anescht ausgeriicht ginn, fir nohalteg ze sinn?

Ënnert anerem doriwwer hu mer am Presseclub dëse Sonndeg an der Journalisteronn geschwat, diskutéiert gouf och iwwert Asyl a Migratioun an eng EU, Staaten a Gemengen, déi op en Neits un hir Grenze stoussen.

Wéi mer dës Woch gemellt haten, kënnt Lëtzebuerg jo dëst Joer net laanscht eng Rezessioun.

Invitéiert waren

  • d’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort
  • den David Marques vum Quotidien
  • an de Laurent Schmit vu reporter.lu

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO