
Och Regierung a Chamber fänken esou lues de Vakanze-Modus un, och wann natierlech béid décisionnel Institutioune kënnen zu all Ament beieneekommen.
E Freideg waren allemol quasi déi lescht Chamberkommissioune beieneen, éier d'nächst Woch sech nëmmen nach de Chamberbüro, d'Presidentekonferenz an d'Petitiounskommissioun gesinn.
Duerno ass am August am Cercle an um Krautmaart mol Summerprogramm ugesot, éier d'Chamber da muss am September beieneekommen, fir iwwert d'Suite vum aktuelle Covid-Restriktiounsgesetz ofzestëmmen, dat de 15. September ofleeft.
Sou wéi et d'Verfassung virgesäit, ass dann um zweeten Dënschdeg am Oktober nees d'Plenière beieneen, fir déi nei Chamber-Sessioun opzemaachen.
RTL-Informatiounen no ass d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Staatsminister Bettel genee deen Dag, also den 12. Oktober geplangt.
De Premier hat jo keen Etat de la Nation am Fréijoer gehalen, sou datt dës Ried mam Ausbléck op d'Entwécklung vun der Pandemie am Hierscht mat Spannung erwaart gëtt.
An där selwechter Woch - méi genee den 13. Oktober - ass dann RTL-Sourcen no den Depot vum Budgetsprojet 2022 duerch de Finanzminister Gramegna geplangt. Rapporter ass jo den LSAP-Député-Maire Dan Biancalana, dee seng Ried am Dezember da wäert halen, wann och de Vott vum deierste Gesetzesprojet vum Joer ass.