
Dréchent a Klimawandel brénge Bëschbränn mat sech, woubäi dee Risk awer hei am Land net weider aussergewéinlech grouss ass, well et keng grouss Bëschfläche ginn, déi zesummenhänken.
Duerfir bleift d’Zuel vu Bëschbränn och relativ stabel iwwer déi lescht 5 Joer a variéiert tëscht 3 a 17 Bränn d’Joer. Zielt een awer Vegetatiounsbränn dobäi, sou gëtt de Chiffer vun den Interventioune bei Feieren an der Natur natierlech méi héich: dowéinst goufen et zejoert eng 100 Asätz vun de Pompjeeën, 2022 waren et souguer eng 200 Interventioune vum CGDIS, 2021 par contre nëmme 50. Et gëtt keng Regioun am Land, déi speziell méi dovunner betraff gi wier wéi eng aner.
Dat confirméieren d’Ministere Wilmes a Gloden den DP-Deputéierte Bauler an Emering, déi d’Regierung op dës Thematik via parlamentaresch Fro ugeschwat haten.