
Géint 11.30 Auer e Freideg huet eng Awunnerin aus Aasselbuer gemellt, dass se e Gefier an der Haaptstrooss iwwerschloen hätt. D’Pompjeeë konnten de Chauffer aus dem Won biergen, bei deem sech kuerz drop en ze héijen Alkoholafloss erausgestallt huet. Déi weider Ermëttlung huet erginn, datt de Mann d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer hat a mat der rietser Säit an e Bam gerannt ass, wouropshin den Auto sech iwwerschloen huet. Den Automobilist koum an d’Spidol a gouf protokolléiert. Op der Plaz am Asaz waren de Samu vun Ettelbréck, grad ewéi d’Rettungsdéngschter an d’Ambulanze vun Ëlwen a Wëntger.
E Freideg de Moie géint 9.45 Auer sinn an der route de Bettembourg zu Béiweng Auto an eng Camionnette anenee gerannt. Wéi de CGDIS mellt, goufen 2 Persoune verwonnt. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vu Réiser waren am Asaz.
Och am Rond-point Rammerech zu Esch hat et géint 13.50 Auer tëscht zwee Gefierer geknuppt. Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Suessem/Déifferdeng a vun Esch waren am Asaz.
Um Freidegmoie kuerz viru 4 Auer gouf en Accident mat engem Foussgänger op der EecherPlaz gemellt. Op der Plaz huet d’Situatioun awer net esou geschéngt, wéi wann déi blesséiert Persoun vun engem Auto ugestouss gi wier. E bësse méi spéit huet hien doropshin de Polizisten erkläert, hie wier mam Vëlo gefall. Well dëst wuel och net sollt stëmmen, gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. De Foussgänger gouf fir eng Behandlung an d’Spidol bruecht.
Géint 1.30 Auer hat en Automobilist op der N32 vun Déifferdeng a Richtung Suessem wuel de Rond-point net gesinn, ass riicht driwwer gefuer a koum hannert dem Kreesverkéier un d’Stoen. Dobäi goufen eng Rei Verkéiersschëlder an Hecke staark beschiedegt. Déi zwee Passagéier, déi éischten Informatiounen no net blesséiert goufen, hunn aus bis ewell nach onbekannte Grënn d’Plaz zu Fouss verlooss. De Won hat en Totalschued a gouf ofgeschleeft. Wéinst de flüchtege Passagéier gouf eng Enquête lancéiert.
Zu Diddeleng gouf géint 4.20 Auer e verdächtegen Auto gestoppt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt um Won Placken drop waren, déi eréischt virun e puer Deeg als geklaut gemellt goufen an de Chauffer ënnert engem Fuerverbuet stoung. Donieft gouf am Auto e geklaute Spillautomat fonnt, deen an der Laf un der Nuecht aus der Entrée vun engem Restaurant geklaut gi war. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert. De Won an déi geklaute Géigestänn goufe vun der Police saiséiert.
En Donneschdeg goufen der Police zwou Frae gemellt, déi an engem Kleederbuttek an der Stad mat geklaute Kreditkaarte bezuele wollten. Nodeems d’Beamten d’Fraen ermëttel haten, goufe si mat op de Policebüro geholl. Weider Recherchen hunn erginn, datt mat der Kreditkaart och eng gréisser Geldzomm op engem Bankomat opgehuewe gouf. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwou Täterinne festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.