Demande wäert dëst Joer unzéienRonn 13 Milliarde Benefice bei ArcelorMittal

RTL Lëtzebuerg
Schonn Ufank Februar hat ArcelorMittal d'Zuele vun hirem Joresbilan publizéiert. De komplette Rapport gouf elo presentéiert.
© RTL Archivbild

Ronn 13 Milliarden Euro Benefice goufen zejoert gemaach, 5 Milliarden Euro manner wéi d’Joer virdrun.

E Mëttwoch huet de Stolproduzent de ganze bal 400 Säiten décke Joresrapport publizéiert.

Deemno hunn op Silvester 2022 bal 155.000 Salariéë fir ArcelorMittal geschafft, op Sitten a 16 Länner, déi Stolproduite vun iwwer 82 Milliounen Tonne fir Clienten a bal 150 Länner fabrizéieren.

Bei ArcelorMittal geet een trotz de geopoliteschen Onsécherheeten dovunner aus, dass d’Demande no Stol dëst Joer nees wäert unzéien, respektiv, dass den Héichpunkt vun der schwaacher Demande mëttlerweil iwwerstane wier.

Bis 2050 wëll ee klimaneutral schaffen a bis 2030 sollen d’Emissiounen an de weltwäite Wierker schonn ëm ee Véierel reduzéiert ginn.

Hei de komplette Bilan 2022 noliesen.

Back to Top
CIM LOGO