Hei am CHL ginn all Joer eng ronn 12.000 Bluttkonserve gebraucht. 2018 hunn 1.600 Patienten neit Blutt am Stater Spidol kritt.
Et gëtt vill Blutt an domadder Spender gebraucht. Dobäi spillt den Alter eng wesentlech Roll fir de Krittär, fir Bluttspender ze ginn, ze erfëllen.
Wärend Dammen 3 Mol am Joer Blutt kënne spenden, däerfen Häre 4 Mol am Joer bei d'Rout Kräiz an de Stater Park kommen.
Nieft Vollblutt- ginn och Plasmaspender dringend gesicht. Plasma ass wichteg bei Gerënnungsproblemer vum Blutt.
AB ass déi seelenste Bluttgrupp. O Negativ gëtt am heefegsten an der Urgence gebraucht. Dohier sinn d'Bluttgruppen A an O beim Spenden déi wichtegst.
Kënnt een als Spender eng éischte Kéier bei d'Croix-Rouge, huele sech déi Responsabel genuch Zäit, fir op all méiglech Froen eng Äntwert ze ginn.
Duerch Grippe wäert dës Joreszäit déi kriddelegst ginn, fir genuch Spender ze hunn. Sou heescht et nach säitens dem Roude Kräiz.