Fir d‘8. Kéier schonn hat de CLAE, de Comité de Liaison des associations d’étrangers, dëse Weekend op e Kongress zum Thema Immigratioun invitéiert.
Iwwer 150 Leit, dorënner och Politiker a Gewerkschaftler, hunn an der Luxexpo The Box um Kierchbierg diskutéiert a sech op 25 Propositiounen a Revendicatioune ronderëm 3 Haapttheme gëeenegt. Ënnert anerem wënscht ee sech méi abordabele Wunnraum zu Lëtzebuerg, datt d’finanziell Wunnhëllefen erop gesat gi fir Persounen a Familljen, deenen et net sou gutt, datt all Mënsch zu Lëtzebuerg den néidegen Accès op Gesondheetsservicer kritt an datt e Staatssekretariat fir Citoyennetéit geschafe gëtt.