„Free Palestina“ huet et e Samschdeg de Mëtteg nees an der Stad geheescht. E puer honnert Leit hate sech zesummefonnt, fir fir eng friddlech Léisung am No-Ost-Konflikt ze protestéieren. Ma et bedauert een, datt déi palestinensesch Wënsch an Hoffnungen no der Wafferou bemol ganz séier lénks léie gelooss goufen an nees vergiess schéngen.
E Samschdeg de Mëtteg hate sech an der Stad eng gutt 200 Leit versammelt, fir sech fir e fräit Palestina auszeschwätzen. Et war eng roueg, wann och ganz emotional Stëmmung bei den Demonstranten. Esou stoung een dach fir d'lëscht virun 2 Wochen op dëser Plaz – an Tëschenzäit gouf et e Waffestëllstand – soss geännert huet sech net vill.
Claude Gregoire, Comité pour une Paix Just au Proche-Orient: "Et muss ee sech bewosst sinn, datt domadder guer näischt geléist ass. D'Europäesch Unioun setzt gären op de "Retour au calme". Mee et muss ee sech froen: Wat ass de "calme" fir d'Palestinenser? Fir d'Palestinenser ass et kee calme."
Déi israelesch Dageszeitung "Haaretz" hat dës Woch nach - a Collaboratioun mat der New York Times – d'Nimm a Fotoe vun de 67 Kanner, déi bei de leschten israeleschen Attacken op d'Gazasträif ëm d'Liewe komm sinn, publizéiert.
Am grousse Ganzen, esou de Constat e Samschdeg de Mëtteg, hätt een awer d'Gefill, datt duerch déi nei Aktualitéit ronderëm d'Welt dës Woch de Sujet Israel-Palestina nees wäit zeréck an den Hannergrond geréckelt ass.
Henri Grün, Comité pour une Paix Just au Proche-Orient: „A Belarus gouf elo en oppositionelle Journalist aus dem Fliger eraus verhaft. Dat ass eng Sauerei an do kommen elo d'EU-Ausseministeren zesummen an debattéieren do Sanktioune fir Deeg. A Palestina ginn all Dag Journaliste verhaft. Et ginn all Dag Leit erschoss an et ginn all Dag Leit aus hiren Haiser verdriwwen.“
Et ass de Wonsch no méi Sécherheet an déi selwecht Rechter fir jiddwereen. Esou och fir de jonken Thaer Hamida, deen eréischt zanter 6 Méint zu Lëtzebuerg ass: „Lëtzebuerg huet Fräiheet. Zu Lëtzebuerg ass et esou: wann een an Däitschland wëll, da geet een... elo... muer. Dat ass kee Problem. Mee wann een aus palestinensesche Gebidder bis zum Beispill eriwwer a Jordanien wëll, muss een dat scho bal e Mount am viraus plangen. Dat duerch déi sëllegen Check-Points, Grenzkontrollen, extra laang Waardezäiten, well mer schikanéiert ginn. Dann huet ee bemol einfach keng Loscht méi. Et mécht ee rosen.“
Sécher, esou de Constat e Samschdeg, wier d'Situatioun am Noen Osten nach laang net.