
De Gesetzestext vum geplangte Jugendstrofgesetz gouf no den Oppositions formelles vum Staatsrot amendéiert. Der CCDH no wär et elo eng ofgespeckt Versioun vun engem souwisou scho schwaachen Text.
Fir et kloer ze stellen: D‘Mënscherechtskommissioun begréisst, dass Lëtzebuerg sech e Jugendstrof- a Jugendschutzgesetz gëtt, no jorelaangem Stëllstand. Stroffälleg Kanner a Jugendlecher sollen net ewéi Erwuessener jugéiert a bestrooft ginn. Mee zefridde kann d‘CCDH-Presidentin Noémie Sadler awer net sinn.
"Wat elo direkt opfält, ass, dass d'Amendementer all d'Recommandatioune vun der Mënscherechtskommissioun an den anere Kannerrechtsverdeedeger, ënner anerem den Okaju, komplett ignoréieren, a sech dorobber limitéieren, op d'Oppositions formelles vum Staatsrot an d'Propose vun de Justizautoritéiten anzegoen."
Dass verschidde fir d'CCDH problematesch Elementer bäibehalen, respektiv esouguer nach méi restriktiv gemaach goufen, weist sech gutt um Beispill vum Alter, vun deem un dem neie Gesetz no e Jugendleche strofrechtlech verfollegt ka ginn.
D‘Juristin vun der Mënscherechtskommissioun Anamarija Tunjic: "Et war d'Festleeën am Gesetz vun engem Strofmündegkeetsalter op 14 Joer, dat e grousse Fortschrëtt am Verglach zu deem war, wat mir am Moment hunn. Dat hu mir och absolutt begréisst. Leider huet d'Regierung virun dräi Joer schonn decidéiert, de Strofmündegkeetsalter op 13 erofzesetzen, ouni sech op wëssenschaftlech oder kriminologesch Donnéeën ze baséieren. An och elo am Kader vun den neien Amendementer bleiwe si bei deem Alter."
Obwuel et der CCDH no wëssenschaftlech Evidenz gëtt, dass penal Suitten eréischt vu mindestens 14 Joer u Sënn maachen. Deen Appell un d‘Regierung widderhuelen d‘Mënscherechtler. Nach méi dramatesch wär et bei der Ausnam, dass och 18 bis 21 Joer jonk Erwuessener nach kéinten als Jugendlecher poursuivéiert ginn.
"Dës Optioun gouf awer elo mat den Amendementer komplett gestrach wéinst Kriticke vum Staatsrot. Hei muss een awer bemierken, dass dës Kriticken hätte kéinte behuewe ginn, wann een den Text iwwerschafft hätt, well am Fong geholl ass et drëms gaangen, dass den Text net kloer genuch formuléiert war."
Et ginn nach sëllegen aner Beispiller, mee de Punkt vun der CCDH ass kloer: Den Text no Amendementer wär nees eng Nuance méi verwässert. Wou déi Approche hierkënnt, kann d‘Juristin sech och denken.
"Et gëtt e generaliséiert negatiivt Bild vun de Kanner an de Jugendlechen zu Lëtzebuerg vermëttelt. Dës ginn dacks als geféierlech a kriminell duergestallt, géint déi ee muss haart duerchgräife mat enger ganzer Rei vu repressive Moossnamen."
Wéinst änlechen Aussoe war d'CCDH scho mat Kritik konfrontéiert. Wie muss hei protegéiert ginn? Mannerjäreg Täter oder awer hir dacks och net erwuessen Affer?
D'Presidentin Noémie Sadler äntwert: "Et däerf een net ewechkucken, wann déi Jonk gewalttäteg sinn. An et däerf een och elo net dohi goen a soen, dass ee stroffällege Jonke sollt geheemelt ginn, wéi mir et ëmmer virgeworf kréien. Mee mir mussen adaptéiert Strofe fannen. Fir déi Jugendlech dann einfach anzespären? Mat 13 Joer? Ass dat elo wierklech adaptéiert? Do si ganz vill international Experten, déi awer och soen, dass dat net de Fall ass."
An enger idealer Welt misst kee Jugendleche sëtze goen, fënnt ee bei der CCDH. Präventioun, an no enger Strofdot, Hëllef an Ënnerstëtzung wären déi besser Léisung. A wa Prisong, da Jugendprisong an net dee fir Erwuessener, an e kriminelle Milieu. Esou ass et och am neie Gesetz virgesinn.
Anamarija Tunjic: "Mee, da komme mir scho bei d'Exceptioun: Et ass nämlech virgesinn, dass wärend der Konstruktioun vum Centre pénitentiaire fir Mineuren, Kanner awer kënnen an den Erwuessene-Prisong op Schraasseg kommen. Wéi Dir vläicht wësst, gëtt et de Centre pénitentiaire fir Mineuren nach net. Dee muss nach gebaut ginn."
Als Tëscheléisung misst no Alternative gesicht ginn, an dat méiglechst séier. Konkret Propose mécht d‘CCDH hei net. Dat wär d‘Aufgab vun der Politik. Allerdéngs huet déi bis ewell net onbedéngt an der Faveur vun der Mënscherechtskommissioun decidéiert.