
Duebel esouvill Frae wéi Männer haten iwwerdeems ugeruff. Ënnert deenen, déi Rot bei der Organisatioun gesicht hunn, ass d’Altersgrupp vu Persounen tëscht 51 a 60 Joer mat 1.192 Uriff am meeschte vertruede gewiescht. Dono déi tëscht 41 a 50 Joer mat 634, bal gläich op mat deenen tëschent 31 a 40 Joer.
D’Zuel vun de Persounen, déi sech gemellt haten, well si sech isoléiert fillen oder et sinn, huet sech iwwerdeems mat 640 Leit am Verglach zu 2019 bal verduebelt.
Zejoert gouf och eng nei Kategorie ageriicht, an där Uriff gezielt ginn, déi ëm de Covid-19 handelen. De Sébastien Hay, Direktiounsbeoptraagte vun SOS Détresse erkläert, datt besonnesch am Ufank vun der Pandemie vill Leit sech u si geriicht hätten, well et Onsécherheete gi wieren. D’Uruffer wollten zum Beispill wëssen, wat genau dee Virus wier a wat d’Konsequenze kéinte sinn.
782 Persounen hate Froen oder Suergen, déi mam Thema Covid-19 am Zesummenhang stinn. Duerch d’Zoumaache vum Horeca-Secteur hätte sech och vill Leit gemellt, déi Angscht ëm hir Existenz hätten. De Chiffer vun de Mënschen, déi sech awer allgemeng wéinst finanzielle Problemer un d’Organisatioun geriicht haten, bleift awer iwwerdeems stabel.
A Beräicher wéi Aarbecht, Ausbildung, Gewalt oder Sexualitéit bleiwen d’Zuelen och stabil am Verglach zu 2019. De Chiffer vun den Uriff, déi dem Thema tëschemënschlech Bezéiungen oder Problemer zougeuerdent ginn, sinn zejoert awer souguer erofgaangen. 2019 hate 536 Persounen ugeruff wéinst Problemer an der Bezéiung, zejoert waren et der 392.