Wärend de rouege Stonnen ass et am Verglach zu soss angeneem roueg am Supermarché. D’Iddi ass et, alleguer d’Reizer esou gutt ewéi méiglech ze reduzéieren dermat d’Clienten, a virun Allem Leit aus dem autistesche Spektrum, méi ongestéiert kënnen akafe goen.
An där ginn et zu Lëtzebuerg eng jett. Et gëtt geschat, dass ronn ee Prozent vun der Populatioun autistesch Zich opweist. Domat sinn aktuell eng 6.600 Persounen hei am Land betraff. D’Joanne Theisen ass eng dovun a profitéiert zanter der Ëmsetzung am Juni vum Projet.
“Déi roueg Stonne sinn eng ganz gutt an eng ganz wichteg Moossnam. Et ass wesentlech méi angeneem ouni déi Reizer.”
D’Initiativ gouf vum Immobiliebedreiwer Nhood lancéiert. Deen huet dunn d’Lëtzebuerger Autismus Fondatioun (FAL) mat an d’Boot geholl fir d’Konzept zesumme mam Joanne ëmzesetzen.
Bis elo kéint een e positive Bilan zéien an déi roueg Stonne stoussen op vill Gefalen. Dat esouwuel bei de Mataarbechter, wéi natierlech och bei de Clienten. Och Leit, déi net hypersensibel oder autistesch sinn, empfannen et als eng angeneem Atmosphär.
D’Inclusioun hält hei awer nach net op. Geplangt ass zum Beispill nach den Ausbau vun engem Réckzuchsraum, eng Formatioun fir d’Mataarbechter an e Guide, dee méi hell a kal Plazen am Supermarché uweist, dermat sech déi betraffe Persoune besser orientéieren a virbereede kënnen.